Néierlagslektiounen
Als Supporter vun der Nationalequipe ass een et jo gewinnt ze verléieren. An denen 20 Joer wou ech lo d’Mätcher vun der FLF suivéieren hunn ech der batterer Momenter vill erlieft. Déi elo hei op ze leschten géif d’Ruhm spréngen an esou vill Zäit huet wahrschéinlech och keen pensionnéierten Staatsfonctionnaire.
Watt déi Néierlagen an der Vergangenheet gemeng hatten, waren dat Gefill vun der Onmuecht. Seelen konnt en, objektiv betruecht, onsen Nationalspiller iergendeen Virworf machen. Wann en déi erfolleglos Mätcher géint de Liechtenstein a Malta mol op der Säit léisst. Ons Néierlagen waren ëmmer d’Resultat vun engem ze groussen Qualitéitsennerscheed zweschen ons an den aneren Natiounen. Séif dat op spillerëschem oder mentalem Niveau. Ons Géigener waren ons oft haushéij iwwerleeën an, datt mir als Verléierer aus deenen Konfrontatiounen erauskomm sinn, nëmmen logësch.
Lues a lues huet sech ons Equipe awer gebessert. Säit der Era-Hellers huet sech ons Selektioun professionaliséiert, huet grouss Fortschrëtter am Spillopbau, der Ballcirculatioun an der taktëscher Ausrichtung gemeet. Den Luc Holtz ass an déi selwescht Richtung wéidergezunn an huet niewenbei nach vum Erunwuesen vu Spiller wéi Philipps, Turpel, Jans an Bensi, der Professionaliséierung vum Joachim an och der Naturalisatioun vun engem Chanot profitéiert. Dat verbessert Spillermaterial féiert haut dozou datt mir géint Russland mat 2 Stiermer ( Turpel, Joachim) an engem 4-4-2 oplafen kennen. Dozou gesellen sëch am offensiven Mëttelfeld zwee Spiller ( Bensi, Da Mota) déi an hieren Veräin esouguer als Sturmspëtzt agéieren. Ween hätt esou ëppes nach vrun e puer Méint fir méiglech gehalen ?