ROUT LÉIWEN: Den Opstig vun de Klengen

Virun net ze laanger Zäit an an enger net esou wäiter Galaxie…
ROUT LEIWEN
Episode III: Den Opstig vun de Klengen
Léiwen, déi ginn nimools op

No dem enttäuschendem Resultat vum Samschden Owend gëtt et Zäit aus der Lethargie z’erwächen.
Jo, déi 1-2 Néierlag an Zypern huet ons all enttäuscht an déi lescht dräi Deeg hate mir all Zäit um Ausgang vun der Partie ze knabberen an ons mat der batterer Realitéit auserneenzesetzen. Mir hunn d‘Heft net méi an der Hand a mussen dorobber hoffen dat d‘Zypern dem Montenegro e Fouss setzt.
Do ass se déi kléng Finale

Den Owend spillt ons Nationalequipe zu Podgorica um 20:45 géint de Montenegro. Et ass eng kléng Finale fir déi éischte Platz vun der Tabelle vun onsem Nations League Grupp an domadder den Opstieg an d’Divisioun B.
Sinani Doublé !
Gerson Rodrigues freet sech mam Danel Sinani
D‘Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt duerch e Doublé vum Danel Sinani mat 2-0 géint Zypern a bléift domadder am Rennen fir d‘Éischt Platz vu senger Nations League Grupp.
Eng eemoleg historesch Chance
Um 20:45 trëfft Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel op Wäissrussland.
No der Ausléisung vun der Nations League an dem Duerchliesen vum Kalenner hunn déi meeschte Supporter dorobber gehofft dat de läschten Heemmatch géint Wäissrussland den entscheedene ka sinn. Véier Matcher méi spéit ass et wierklech dozou komm a Lëtzebuerg, als Tabelleleader, trëfft op de wäissrussëchen Zweeten a ka mat enger Victoire den Owend net méi vun der Tabellespëtz erofgehäit ginn. Mat dëser éischter Platz géiwe mir net nëmmen an d’Liga C opstéigen mä mir huelen och nach un der Finaler Ronn deel, déi aus Halleffinal a Final besteet, bei der de Gewënner eng Platz bei der Europameeschterschaft 2020 kritt. Historesch !
Avanti !
No der 1-0 Néierlag vrun 3 Deeg zu Minsk trëffen ons Roud Léiwen haut um 20:45 doheem op San Marino. Déi dräi Punkten si Pflicht wann een an engem Mount déi erdreemten 1te Platz an d‘Qualifikatioun fir d‘Finalspiller vun der Liga D z‘ereeschen.