D’Waarden op den David Caiado
Säit e puer Joer geeschtert de Numm vum David Caiado duerch ons Medien. Scho während der Hellers-Ära huet de Caiado säi Wonsch geäussert fir Lëtzebuerg ze spillen. Bis elo huet hien datt awer nach keng Minutt fir ons gemaacht. De 25 jaeregen Spiller vu Beroe Stara Zagora ass zu Lëtzebuerg gebuer, huet bis 13 Joer hei gewunnt an seng éischt Fussbäll zu Hesper gekickt. Fir sengem Dram vum Futtballprofi méi no ze kommen ass hien a Portugal gaangen. Iwwer Academica ass hien duerno an d’Futtballschoul vum Sporting Lissabon komm. Dat hier Nowuesesaarbecht zu enger vun der beschter op der Welt gehéiert ass net nëmmen an de spezialiséierte Fussballkreeser gewosst. Ënner anerem ass et d’Talentschmied déi Spiller wéi Figo, Nani a Cristiano Ronaldo erausbruet huet. Dat de Caiado keng zwee lénks Féiss huet ass kloer an och seng 5 Mätscher an den U16 an U19 Selektiounen vu Portugal beweisen dat hien Talent huet. Nodeems hie 5 Joer laang seng Ausbildung gemeet huet war hien um Sprong an d’éischt Equipe vum Sporting.