Aserbaidschan, en onbekanntent Fussballland
Ons Jonge spillen de Freiden den 22 Mäerz am Kader vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint den Aserbaidschan. Um Pabeier ass d’Land aus dem Kaukasus sécherlech net den attraktiivste Géigner mä mir probéieren iech trotzdem an de Genoss vun dem Match ze bréngen. Ass et nëmme bei de wéinegste Lëtzebuerger Fussballfrënn de Fall dat schonn nëmmen de Gedanken un en Lännermätsch d’Häerz zum schloe bréngt a Virfreed sech breed mécht, ass bei de meeschten de Géigener dat wichtegst. Bei Matcher géint Portugal, Frankräich an Holland ass jiddereen dobäi awer wann den Aserbaidschan…, (“Gesondheet !” “Ech hunn net genéitscht Stippi, ech liese grad mäin Artikel iwwert den Aserbaidschan …” ” Ech hunn dir jo gesot dass dë solls e Schall undoen !” ) kennt … mä grad do läit dir falsch. Den Aserb… also d’Land um kaspësche Mier ass ee flotte Géigner wann een sech e bësse fir en interesséiert. Dat ass wéi mat der Vakanz. Wou läit de Ureiz a Portugal oder Holland ze goen ? Mainstream ! Scho gefillten dausend Mol do gewiescht. Wee kann da schonn op Facebook mat Instagramm Foto’en vu sech um Vëlo vrun enger Wandmillen oder beim Iesse vu Frikandele Punkten ? Genee, mir hunn ons verstan. Awer da maacht dat selwecht mol mat engem Bild vun engem Teller Duchbara oder mat iech op engem Päerd an de Bazardüzü als Hannerplang. Abenteuer pur ! Net grad sou ergeet et iech wann dir e Match vun onse Jonge géint den Aserbaidschan kucke gitt, awer bal.