Ween ass hei de Chef ?
Mir waren nawell gutt an d’Qualifikatiounsronn vun der WM 2014 gestart andeems ons Léiwen de Portugisen e Been gestallt an een erkämpfte Punkt aus Nord Irland matbruecht hunn. Duerno krute mir an den zwee Mätscher géint Israel ons Grenze gewisen. An 180 Minutte krute mir 9 Geigegoaler geschoss. Wat engem dobäi opfale konnt ass datt a munch Situatiounen eng Persoun um Terrain gefehlt huet déi d’Equippe geféiert huet.
Déi richteg Paus zum richtegen Zaitpunkt
Et hat alles sou schéin ugefang: ee respektabelt Resultat géint Portugal mat enger Leeschtung, déi ee Punkt verdéngt gehat hätt, an eng manner gudd Leeschtung géint Nordirland mee trotzdem ee Punkt erkämpft. D’Enn vun der Geschicht as bekannt: 9 israelesch Goaler innerhalb vu 5 Dee kasséiert, Euphorie verflun, Fans enttäuscht.
Der Mega-Duché du Lëtzebuerg
Bei huel se! geet et, wéi der wësst, ëm Fussball. Politik gehéiert onser Meenung no net an de Stadion an net op den Terrain. Mee Politesch Entscheedunge betreffen natierlech och de Sport. Bei onse Belsche Frënn kennen si ee Lied dovunner sangen. Säit Joere bekämpfen sech d’Parteie vun de verschiddene Regiounen. An et gëtt oft domadder gedréit datt d’Land ausernaner fale kéint. Als Konsequenz géifen déi eng dann zu engem Autonome Staat ginn an déi aner géifen un aner Länner annexéiert ginn.
Willem II verléiert 2-3 géint de PSV
An der Paus stung ët nach 2-0 fir den Aussensäiter aus Tilburg. Den Aurélien Joachim huet den 1-0 vum Podevijn mat enger Pass op den Sneijders ageleed. Kuerz drop huet den Niek Vossebelt mat engem Schlënzer op 2-0 erhéischt.
An der Paus huet den Dick Advocaat wuel déi richtëg Wierder fonnt well den PSV huet opgedréit. Bis zur 68 Minute huet Willem II stand gehaalen an sinn duerno leider richtëg iwwerrannt ginn. Strootman (x2) an den Matavz treffen fir de Phillips Club an dommadder bleiwwen déi dräi Punkten do.
Ee Match op deen d’Equip vum “Auré” opbauen kann.
Nationalstadion – Projet Uewerkuer
No RTL Informatiounen kennt Bewegung an den Dossier. Den DP Buergermeeschter vun Déifferdeng, Claude Meisch, huet dem Sportminister Romain Schneider seng Iddi vun der Erweiderung ( ëm déi 8000 Sëtzplazen) vun hirem Stadium op den Dësch geluet. Den Déifferdenger Stadion, den am August réischt seng Dieren opgemeet huet, huet momentan eng Kapazitéit vun 2000 Sëtzplazen. Fir d’Erweiderung missten zwou weider Tribünen opgeriicht ginn an et géif ëm déi 13 Mio kaschten. Bis elo sinn 16 Mio vun der PPP ( Public Private Partnership) investéiert ginn. Et ass elo um Herr Schneider fir eng schnell Entscheedung ze treffe well d’Baufirma bis zum Enn vum Joer Bescheed wësse muss.
Auswäertsrees op Belfast
Schonn den Dag vun der Auslousung vun eiser Qualifikatiounsgrupp fir d’WM 2014 war fir mech, wéi fir vill aner Supporter vun der Nationalekipp och, kloer dass den Auswäertsmätch zu Belfast ee vun den Highlights vun dëser Campagne wier – an ech behaapten mol, dass kee vun de Lëtzebuerger di an Nordirland derbäi waren enttäuscht zréck komm ass.