Wee gëtt dann nach alles Futtballsprofi ?
Bis elo zielt ons Nationalequipe jo bekannterweis 5 Futtballprofi. Gerson, Mutsch, Joachim, Chanot a Phillips verdéngen am Ausland iert Brout mat onser Liiblingssportart. Den Deville nom Opstieg mat Elversberg an déi drëtt Bundesliga ass och nëmmen nach e Schratt vun engem Profivertrag eweg. Beim David Caiado muss an der Chamber datt néit Nationalitéitgesetz gestëmmt ginn well Profi ass hien jo schonn.
An esoueng Konstellatioun mécht och datt déi aner Roud Léiwen an de Fokus vun auslännesche Veräiner réckelen. Et ass kéng Iwwerraschung datt eng Nationalequipe an der ongeféier d’Halschent vun de Stammspiller Profi’e ass méi Scouten, Trainer an aner Veräinsoffizieller unzitt.
Nom gudde Match am Aserbaidschan hunn elo déi éischt Rumeuren de Wee an ons virtuell Redaktioun fonnt.
Déi éischt betrëfft de Laurent Jans an ass och scho sécher méi wéi nëmmen e Geräisch aus der Gerüchteküche. Dëse gouf iwwert de Roby Langers, Vertrauenspersoun vum Chris Phillips a Lëtzebuerger Futtballslegend mat gudde Kontakter zu de Grenats, zu engem serieuxen Thema beim FC Metz. De fréieren Nationalstiermer hatt e puer Interviewen an der lëtzebuerger Press gi wou hien de Laurent Jans un d’Häerz geluet huet de Schratt zum Profispiller ze woen. De bal 21 Joer aalen Folaspiller deen an dësem Joer den Duerchbroch an der Nationalequipe gepackt huet, huet sécher dat néidegt Potential fir dëse Wee ze goen.
Dat zweet Gerücht betrëfft en anere Folaspiller. A ween wonnert et datt et sech heibäi ëm de Stefano Bensi handelt. De Lëtzebuerger Futtballspiller vum Joer a Scorer beim 1-1 zu Baku wier um Sprong an Däitschland oder der Belsch de Wee vum Profi anzeschloen. Ëm wéi eng Veräiner et sech handelt ass net bewosst. Auszeschléissen ass an dem Fall esou e Wiessel net. Schonn 2009 hat den zweet beschte Buteur vun der Saison 2012-2013 de Schratt an d’Ausland gewot. No 6 Méint, 11 Matcher an 2 Goaler huet de groussgewuessene Stiermer dem KMSK Deinze awer nees de Réck gedréit an ass zréck an d’Heemecht komm. Ähnlech wéi beim Joachim kennt och dëst eng zweet Chance fir de 24 Järege Schëfflenger sinn. Eng Chance déi et zu gräife gëllt.
Spillerkader bekannt ginn
An dunn waren et der nëmmen nach 19 !
Nom Préparatiounsstage vrum Auswäertsmatch zu Baku gëtt den Luc Holtz säi Kader bekannt. Duerch déi schwéierer Verletzung vum Charel Leweck, der Gebuert vun engem Blaisejüngling, der Sperr vum Jänisch an der Nët-Nominatioun vum Bettmer feelen véier Roud Léiwen mat Erfahrung.
Besonnëg den Gilles Bettmer schéint an enger schwéierer Phas ze sinn. Eng Nët-Nominatioun wéinst feelender Form ass wéi e Schlag an d’Gesitt an och e Signal. Et schéinnt wéi wann et 5 vrun 12 geschloën hätt.
De Stef ass de Beschten
De Stefano Bensi gouf zum Futtballer vum Joer 2013 gewielt. Am “Challenge Guy Greffrath” huet hien vrum Marc Oberweis ( Jeunesse) an dem Thierry Steimetz ( F91) Plaz um Podium fonnt.
De Stiermer vun der Fola ass demno de Nofolger vum Aurélien Joachim, den am leschten Joer den Titel geholl huet.
De Stef, mat 20 Goaler beschte Buteur vum desjähregen Champion, huet den Titel ganz souverän mat iwwer 100 Punkten vrum Oberweis gewonnen.
Haut viru 7 Joer – Lëtzebuerg – Portugal zu Metz (3.Juni 2006)
Ronn eng Woch virun der Weltmeeschterschaft an Däitschland koum et zu Metz zu engem Testmätch tëscht Lëtzebuerg a Portugal. Mat engem Bus goung et géint halwer 5 also Richtung Frankräich. Départ war, wéi ëmmer, um Park and Ride um Houwald. Während mer a Lëtzebuerg nach virum Beruffstrafic op der Autobunn waren, stounge mer spéider fir a Metz eranzefueren am Stau.
Kader fir Aserbaidschan gouf bekannt
Am Virfeld vum Auswäertsmatch vum 7 Juni am Aserbaidschan huet den Luc Holtz säi 22 Mann Kader bekannt ginn.
Fir déi éischte Kéier ass heimadder och de Maxime Chanot nominéiert. Den 22 jäeregen Vertéideger ass domadder den 5ten Profi. Dem Trainer bidd sech esou d’Méiglechkeet an all Sekteur e Futtballsprofi opzestellen an d’Equip op den “Réckgratt” opzebauen. Eng Situatioun vun der een vrun e puer Joer mol net gewott hätt ze dreemen.
Bemerkenswiert ass och d’Nominéierung vun den 3 Jonken Sinani, Aleixo Delgado an Luisi.
St.Petersburg!
Den engleschsprochege Wikipedia berifft sech op russësch Medien, no deene feststeet dass d’Sbornaja hier Heemmätcher géint Lëtzebuerg an Israel am September net an der russëscher Haaptstad Moskau, mee zu St.Petersburg giff ausdroen.
