Zeeche gesatt !
D’Männer ëm de Capo Batty B. Maachen wäerend den 90 Minutte vun haut keen aktive Support fir ons A-Ekipp. A platz gëtt haut ons U21 ugeféiert.
Iergerlech !
An engem Match mat zwou verschiddene Halschenten verléiert ons Nationalequippe mat 0:3 géint Bosnien/Herzigowina.
Fir de Match géint Miralem Pjanic a Co hatt den Luc Holtz op bewährtes gesatt an huet nëmmen mam Anthony “Tun” Moris am Goal e wéineg iwwerrascht. An sengem 4-4-2 huet hien also dem Moris am Goal d’Vertraue geschénkt, den Delgado, Malget, Chanot a Jans hunn d’Véiererkett an der Ofwier gebild, Mutsch, Gerson, Philipps a Martins amb Mëttelfeld an d’Koppel Bensi a Joachim hu sech op der Front vum lëtzebuerger System erëmmfonnt.
Jo Kiki, mir mengen et eescht
E vun de flottsten Amenter vum Fussballbegeeschterten Mënsch ass vrun engem Match vu senger Lieblingsekipp sech an d’Haut vum Trainer ze versetzen. Wann e sech vill mat senger Ekipp an dem Géigener beschäftëgt andeems en am Virfeld all Zeitungsartikel liesst, mengt en et géif en e Feeling dovu kreien wéi d’Opstellung ausgesi wäert.
Treffen zwësche Vergaangenheet an Zukunft a méi
De Freiden Owend spillen ons Rout Léiwen géint Zlatni Ljiljani . Dëst ass den éischten vun zwee Matcher am Abrëll wëll véier Deeg drop Albanien op Besuch ass. D’Preparatioun fir d’WM-Quali 2018 geet also lo lass !
Joachim wiesselt op Bréissel
E puer Stonnen no sengem Fortgang vu Burton Albion huet den Aurélien Joachim beim Royal White Star Bruxelles e Kontrakt vun 1,5 Joer ënnerschriwwen. Vun der drëtte englëscher Liga an déi zweet belsch, vun de “Brewers” an d’Land vum Béier.
2016 – en éischten Ausbléck
Fir d’alleréischt wënschen ech, am Numm vun der ganzer Ekipp vum Huelse, vun dëser Plaz aus all eise Lieser vill Gléck am neie Joer.
D’Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft a Frankräich ass eriwwer, an d’Lëtzebuerger A-Nationalekipp wiert deemno bis de Summer just Frëndschaftsmätcher spillen. Fir de 25.Mäerz 2016 steet mat Bosnien-Herzegovina schon en éischten attraktive Géigner fest. Och wann Dzeko, Pjanic a co. net op der Europameeschterschaft derbäi wierte sinn, ass dësst mat Sëcherheet e Géigner, dee vill Zuschauer op d’Arëler Strooss wiert lackelen.