Grouss Erwaardungen
Den Dënschden um 22:35, den allerleschte Match vun der Nations League 2020 ass nach an der Nospillzäit, huet d’Majoritéit vun den 100 Zuschauer déi am Stade Josy Barthel konnten dobäi si ganz aner Gedanke wéi de verpassten Opstig am Kapp. Wéi kommen ech elo um schnellste Wee Heem fir virum « Couvre-feu » um 23:00 dobannen ze sinn a, schlëmmer, wann et ze laang dauert an ech an eng Kontrolle falen, ass de Polizist esou fein fir en Aen zouzedrécke ? Dofir ass et beim Päife vum Felix Zwayer zu Zeene komm déi en sos nach net oft am Stade Josy Barthel gesinn huet. Eng Rei Zuschauer, déi schonn an hire Startingblocks an der Sortie gewaart hunn, si beim Trillern vum Arbitter senger Päif a Richtung Sortie an Auto las gesprint. De Stadion huet, bei engem Fussballspill, säin Numm nach ni besser gedroe wéi an deem Moment.
Meng éischte Kéier: Spuenien op Benelux-Tour
Mir schreiwen de 7.Juni 2000. E sonnege Mëttwochowend, dräi Deeg virun der Europameeschterschaft an der Belsch an an Holland. Um Wee op d’Europameeschterschaft leet Spuenien en Tëschestopp zu Lëtzebuerg an – a spillt op der Arëler Strooss e leschten Testmätch virun der EM.
E „Non-Event“ op der Kockelscheier
Eng Partie Wochen a Méint huet een näischt méi zum Thema „Neie Stadion“ héieren a gelies. A fir et elo mam Me. Gaston Vogel ze halen, berichte mer op dëser Plaz da vun engem „Non-Event“, deen dëser Deeg op der Kockelscheier stattfënnt.
Géint e Match Lëtzebuerg-Spuenien op der Arler Strooss
D’Lëtzebuerger Nationalekipp däerf dann elo awer hieren Heemmatch géint Spuenien an der Heemecht spillen. No enger zweeter Demande säitens der FLF un d’UEFA gëtt de Ball den 12 Oktober 2014 awer duerch de Josy Barthel gejoht. D’Konditioun ass datt déi néidëg Verbesserungen am Stadion gemaach ginn. Watt dozou féiert datt ronn 2000 Plazen eweg falen géifen an de Match vrun maximal 6000 Léit gespillt ka ginn.
Auswäerts ass et ëmmer am schéinsten
D’UEFA huet d’Kaz also aus dem Sack gelooss: géint Spuenien däerf net am Stade Josy Barthel gespillt gin. Skandal oder clevere Schachzuch?