Fënnef – Zwee – Dräi
5-2-3… wat sech op den éischte Bléck ugesäit ewéi eng Opstellung vun engem Helenio Herrera, Otto Rehhagel oder Louis van Gaal ass a Wierklechkeet soss näischt ewéi d’Bilanz vun de Lëtzebuerger Lännermätcher aus dem Joer 2018. Fënnefmol hunn d’Rout Léiwe gewonn, zweemol gläich gespillt a just dräimol verluer.
Hoffen op d‘“Wonner vu Serravalle“
Gutt zwee Méint ass et hier, dass mer mat de Roude Léiwen a San Marino waren. Et war eng flott Auswäertsrees, mir hunn am San Marino Stadium mat 0-3 gewonn an et goufen 3 Punkte fir Lëtzebuerg.
A genau do, um Fouss vum Titanbierg zu Serravalle, gëtt e Sonndeg den Owend d‘Partie tëscht San Marino a Wäissrussland gespillt. Dëse Mätch ass wahrscheinlech déi lescht Chance fir d‘Rout Léiwen, d‘Playoffs awer nach ze erreechen.
Eng eemoleg historesch Chance
Um 20:45 trëfft Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel op Wäissrussland.
No der Ausléisung vun der Nations League an dem Duerchliesen vum Kalenner hunn déi meeschte Supporter dorobber gehofft dat de läschten Heemmatch géint Wäissrussland den entscheedene ka sinn. Véier Matcher méi spéit ass et wierklech dozou komm a Lëtzebuerg, als Tabelleleader, trëfft op de wäissrussëchen Zweeten a ka mat enger Victoire den Owend net méi vun der Tabellespëtz erofgehäit ginn. Mat dëser éischter Platz géiwe mir net nëmmen an d’Liga C opstéigen mä mir huelen och nach un der Finaler Ronn deel, déi aus Halleffinal a Final besteet, bei der de Gewënner eng Platz bei der Europameeschterschaft 2020 kritt. Historesch !
Duerch d‘Mauer op déi éischte Platz !
D‘Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt vru 3.000 Léit mat 3-0 géint San Marino a klëmmt duerch de 0-0 vu Wäissrussland géint Moldawien op déi éischte Platz vum Grupp 2 an der D Liga vun der Nations League.
Avanti !
No der 1-0 Néierlag vrun 3 Deeg zu Minsk trëffen ons Roud Léiwen haut um 20:45 doheem op San Marino. Déi dräi Punkten si Pflicht wann een an engem Mount déi erdreemten 1te Platz an d‘Qualifikatioun fir d‘Finalspiller vun der Liga D z‘ereeschen.
Leader bleiwwen !
Muer den Owend probéieren ons Roud Léiwen zu Minsk d‘Platz vum Tabelleleader ze vertéidegen.
D’Lëtzebuerger Nationalequipe huet bis zu dësem Spilldag fäerdeg bruet a sengem Grupp mat 6 Punkten no 2 Matcher d‘Platz un der Sonn ze ergatterern.