Um Wee zeréck
Den Eric Veiga am Interview mat HuelSe.lu. De 6fache Nationalspiller huet sech Zäit fir en klengen Interview mat ons geholl.
D’Hoffnung lieft !
90 Minutten um Terrain, 2 Goaler, iwwerzeegend Leeschtung vum Edvin Muratovic !
“Fussball ass mäi Liewen a mäi Liewen ass de Fussball” – en Interview mat enger Trainerlegend!
De 25.Mäerz gëtt héchstwahrscheinlech Fussballsgeschicht geschriwwen : eng Selektioun vu Lëtzebuerger Supporter trëtt géint d’Kollegen aus der Ukraine un.
Dëss Lëtzebuerger Ekipp besteet aus M-Block Fanatics, Compadres Tridefa, der Missioun Grottekick, eiser Huelse-Redaktioun an enger Rei aner Supporter vun der sougenannter « richteger Nationalekipp ».
De Mätch gëtt um 17 Auer zu Hueschtert um syntheteschen Terrain ugepaff. Dir sidd selbstverständlech alleguer agelueden eis Ekipp ënnerstëtzen ze kommen. Ween et net op Hueschtert packt kann de Mätch awer och am FuPa-Liveticker verfollegen.
Virun dësem Spëtzemätch hate mir déi grouss Eier, mam Batty, dem Trainer vun de Roude Léiwen, ze schwätzen.
D‘Legioun zitt ouni de Philipps wéider
Fir de Chris Philipps gehéiert d’Geschicht Legia Warszawa wuel geschwënn zur Vergaangenheet. Wéi d‘lëtzebuerger Sportmedien mellen reest de Lëtzebuerg Nationalspiller net mat an d’Trainingslager a soll sech e néie Veräin sichen.
Zar Olivier den éischten !
Verschidde Medieberichter no ass de Wiessel vum Olivier Thill bei den Ufa FC esou gutt wéi an drëschnen Dicher.
De Spillmaacher vum Progrès Nidderkuer wiesselt fir ronn 250.000€ an d’russësch Premier Liga, bënnt sech fir 4 Joër a gëtt den éischte lëtzebuerger am russësche Fussball ( de Mikhail Zaritski ass réischt no senger Ausbildung a sengen éischte Fussballeresche Schrëtt a Russland Lëtzbuerger ginn).
Olivier Thill op Ufa ?
Wei d’franséisch Editioun vum Wort op hirem Internetsite mellt wëllt den FC Ufa den Olivier Thill !