Huelse-netsoueescht: D’Supporter op der Europameeschterschaft…
All zwee Joer, irgendwann tëscht de Barragemätcher (dat ass, wa 1492 Zuschauer verzweifelt zu Kanech no enger Parkplaz sichen) an der Qualifikatioun fir d’Coupe d’Europe (dat ass, wa viru 634 Leit am Nosbaumstadion zu Diddeléng d’Champions League Hymn ertéint) mutéieren op eng erstaunlech Manéier fir e Mount all Leit zu Fussballsexperten. Dat ass e Phänomen, dat een och, awer bei wäitem net nëmmen, hei am Land huet. D’soziologesch Fakultéit vun huelse.lu huet déi verschidde Supporter-Typen analyséiert a kategoriséiert, an ass elo frou Iech kënnen éischt Resultater vun eiser Etude ze publizéieren.
Fanmatch Lëtzebuerg-Ukraine
De Samsdeg 15ten November 2014 spillt ons Lëtzebuerger Fannationalekipp e Match géint eng Auswiel vun ukrainesche Supporter.
Wéi scho géint Nordirland ass och dës Kéier de Ludovic Dubois den Trainer.